1990
Vu Wikipedia
1985 | 1986 | 1987 | 1988 | 1989 | 1990 | 1991 | 1992 | 1993 | 1994 | 1995
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1990.
Inhaltsverzeechnes
Evenementer[änneren | Quelltext änneren]
Europa[änneren | Quelltext änneren]
- 2. Februar: UdSSR: Den Zentralkomitee vun der KPdSU gëtt d'Muechtmonopol vun der Partei op.
- 11. Mäerz: Litauen erkläert sech fir onofhängeg.
- 30. Mäerz: Estland erkläert sech fir onofhängeg.
- 4. Mee: Lettland erkläert sech fir onofhängeg.
- 19. Juni: D'Schengener Konventioun, déi d'Ausféierbestëmmunge vum Schengener Ofkommes festleet, gëtt vun de Benelux-Staaten, Däitschland a Frankräich ënnerschriwwen.
- 3. Oktober: Däitschland gëtt vereenegt, andeems d'Länner vun der DDR der Bundesrepublik Däitschland (an domat och der EU) bäitrieden.
- 2. Dezember: Dem Helmut Kohl seng Regierung gëtt bei Parlamentswahlen confirméiert.
- 17. Dezember: An Albanien gëtt e Méiparteiesystem agefouert.
Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]
- 26. Januar - 1. Mäerz: Bannent 5 Wochen zéie 5 Stierm mat Wandvitessë bis 145 km/h iwwer d'Land ewech. Et gëtt 1 Doudesaffer, ronn zwou Dosen, deels uerg, verwonnte Persounen an eng Abberzuel un Autoen, déi ënner Beem begruewe ginn, déi wéi Fixspéin ëmgeknéckt sinn. E Véierels vum Bambësch gëtt ofgeholzt, ronn 300 Diech ofgedeckt, Héichspannungsmaste gediebelt an Antennen geknéckt.
- 29. Abrëll: Aweiung vum Monument vun der Groussherzogin Charlotte op der Clairefontaine-Plaz an der Stad Lëtzebuerg.
Afrika[änneren | Quelltext änneren]
- 11. Februar: Südafrika: Den Nelson Mandela kënnt aus dem Prisong.
Amerika[änneren | Quelltext änneren]
USA[änneren | Quelltext änneren]
Südamerika[änneren | Quelltext änneren]
Asien[änneren | Quelltext änneren]
- 20. Juni: Äerdbiewen am Iran, 40.000 bis 50.000 Doudeger.
- 16. Juli: Äerdbiewen op Luzon, Philippinnen, 1.621 Doudeger.
- 3. August: Armenien erkläert sech fir onofhängeg.
- 22. Oktober: Den Turkmenistan erkläert sech fir onofhängeg.
- 25. Oktober: De Kasachstan erkläert sech fir onofhängeg.
- 15. Dezember: Kirgisistan erkläert sech fir onofhängeg.
Ozeanien & Pazifik[änneren | Quelltext änneren]
Arabesch Welt[änneren | Quelltext änneren]
- August: Friddensofkommes no 15 Joer Biergerkrich am Libanon.
- 2. August: Irakesch Truppe besetzen de Kuwait (kuckt och Zweete Golfkrich)
Konscht a Kultur[änneren | Quelltext änneren]
Kino[änneren | Quelltext änneren]
- Dances with Wolves vum Kevin Costner kritt den Oscar vum beschte Film.
- In the cut vum David Lynch gewënnt d'Gëlle Palm zu Cannes.
- Trop belle pour toi vum Bertrand Blier kritt den César vum beschte Film.
Molerei[änneren | Quelltext änneren]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Batty-Weber-Präis fir de Roger Manderscheid.
Musek[änneren | Quelltext änneren]
- 5. Mee: Den Toto Cutugno gewënnt fir Italien mam Lidd Insieme: 1992 de 35. Eurovision Song Contest zu Zagreb.
Wëssenschaft an Technik[änneren | Quelltext änneren]
Sport[änneren | Quelltext änneren]
- 28. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Esch-Uelzecht 1:2 géint Island. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Théo Malget geschoss.[1]
- 8. Juli: Foussball-Weltmeeschterschaft an Italien: déi däitsch gewënnt an der Finall géint déi argentinesch Equipe a gëtt fir d'drëtt Kéier Weltmeeschter
- 31. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1992, 2:3 géint Däitschland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Jean-Paul Girres a Roby Langers geschoss.[2]
- 14. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1992, 0:1 géint Wales.[3]
Gebuer[änneren | Quelltext änneren]
- 5. Februar: Lars Christian Krogh Gerson, lëtzebuergesch-norwegesche Foussballspiller.
- 28. Februar: Anna Musytschuk, slowenesch Schachspillerin.
- 31. Mäerz: Tom Thill, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 2. Abrëll: Miralem Pjanić, bosnesch-lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 15. Abrëll: Emma Watson, englesch Schauspillerin.
- 17. Abrëll: Aidamir Mugu, russesche Sänger.
- 29. Abrëll: Anthony Moris, belsch-lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 22. Juni: Jean-François Schneiders, lëtzebuergesche Schwëmmer.
- 12. August: Mario Balotelli, italienesche Foussballspiller.
- 24. August: Naby Twimumu, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 27. August: Mathias Jänisch, lëtzebuergesch-däitsche Foussballspiller.
- 18. September: Massimo Martino, lëtzebuergesche Fousssballspiller.
- 28. September: Tom Siebenaler, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 2. Oktober: Samantha Barks, Sängerin a Schauspillerin vun der Isle of Man.
- 26. Oktober: Pit Schlechter, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 30. November: Magnus Carlsen, norwegesche Schachgroussmeeschter.
Gestuerwen[änneren | Quelltext änneren]
- Tony Biever, lëtzebuergesche Politiker.
- 20. Januar: Barbara Stanwyck, amerikanesch Schauspillerin.
- 25. Januar: Ava Gardner, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 10. Februar: Pierre Bertogne, lëtzebuergeschen Drogist, Fotograf an Hobbyfilmer.
- 12. Februar: Edmond Reuter, lëtzebuergesche Lycéesprofesser a Member vum Staatsrot.
- 16. Februar: Keith Haring, US-amerikanesche Kënschtler.
- 3. Mäerz: Charlotte Moore Sitterly, US-amerikanesch Astronomin a Mathematikerin.
- 7. Mäerz: Carl Alvar Wirtanen, US-amerikaneschen Astronom.
- 8. Mäerz: Charles Krüger, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 29. Mäerz: Joseph Hilger, lëtzebuergesche Liichtathlet an Olympionik.
- 15. Abrëll: Greta Garbo, schwedesch Filmschauspillerin.
- 23. Abrëll: Paulette Goddard, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 25. Abrëll: Dexter Gordon, US-amerikaneschen Jazz-Saxophonist.
- 29. Mee: Yves Brayer, franséische Moler.
- 2. Juni: Rex Harrison, britesche Schauspiller.
- 6. Juni: Marcel Grignon, franséische Kameramann.
- 10. Juni: André Conrardy, lëtzebuergesche Kanut an Olympionik.
- 14. Juni: Erna Berger, däitsch Sopranistin.
- 9. Juli: René Chanas, franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 15. Juli: Margaret Lockwood, britesch Schauspillerin.
- 24. Juli: Arno Arthur Wachmann, däitschen Astronom.
- 25. Juli: Jean Fourastié, franséischen Economist.
- 29. Juli: Bruno Kreisky, éisträichesche Politiker a Bundeskanzler vun 1970-1983.
- 31. Juli: Fernando Sancho, spuenesche Schauspiller.
- 1. August: Robert Krieps, lëtzebuergesche Politiker.
- 2. August: René Mart, Escher Geschäftsmann a Politiker.
- 10. August: Pol Aschman, lëtzebuergesche Fotojournalist a Chroniker.
- 28. August: Willy Vandersteen, belsche Comic-Zeechner an -Auteur.
- 4. September: Willy Heldenstein, lëtzebuergesche Bobfuerer an Olympionik.
- 9. September: Samuel Doe, liberianesche Politiker.
- 26. September: Alberto Moravia, italiéinesche Schrëftsteller.
- 1. Oktober: Jean Flammang lëtzebuergesche Boxer an Olympionik.
- 10. Oktober: Carlos Thompson, argentinesche Schauspiller.
- 10. Oktober: René Urbany, lëtzebuergesche Journalist a Politiker.
- 14. Oktober: Leonard Bernstein, US-amerikaneschen Dirigent a Komponist.
- 14. Oktober: Mars Schmit, lëtzebuergesche Konschtprofesser a Moler.
- 20. Oktober: Joel McCrea, US-amerikanesche Schauspiller.
- 21. Oktober: Félix Steinberg, lëtzebuergesche Resistenzler.
- 23. Oktober: Louis Althusser, franséische Philosoph.
- 27. Oktober: Jacques Demy, franséische Filmregisseur.
- 27. Oktober: Ugo Tognazzi, itialienesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 4. November: Henry Cravatte, lëtzebuergesche Politiker
- 15. November: Joseph Kratzenstein, Groussrabbiner vu Lëtzebuerg.
- 1. Dezember: Sergio Corbucci, italienesche Filmregisseur.
- 8. Dezember: Lana Marconi, franséisch Schauspillerin.
- 9. Dezember: Norbert Droessaert, Direkter vun der Administration des douanes et accises a Member vum Staatsrot.
- 14. Dezember: Friedrich Dürrenmatt, Schwäizer Schrëftsteller.
- 23. Dezember: Pierre Chenal, franséische Filmregisseur.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
| Commons: 1990 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[änneren | Quelltext änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Island den 28. Mäerz 1990 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Däitschland den 31. Oktober 1990 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Wales de 14. November 1990 op der Websäit vun European Football